D’Zukunft vun de Jonken entdecken

by | Nov 8, 2017 | bisi LU – dem Bisi seng Iwwerleeungen, Jugend

D’Zukunft vun de Jonken entdecken

8/11/2017

Lëtzebuerg huet zwar scho méi laang ee Centre universitaire, mee eng Universitéit, wou ee ganz Diplomer kann ofschléissen, eréischt säit 2003. Kee Wonner also, datt et fir vill Leit schonn ëmmer geheescht huet, datt een an d’Ausland studéiere goe muss !

Natierlech awer ass et och eng Erfarung fir d’Liewen, e puer Joer am Ausland ze liewen, eng aner Kultur z’entdecken, eng Friemsprooch ze perfektionéieren !

De CEDIES huet virun iwwer 30 Joer di éischt Kéier eng Foire proposéiert, wou ee konnt Offere vun Héichschoulen an Universitéiten entdecken, ouni musse selwer an d’Ausland ze fueren.

Esou eng europäesch/international Foire ass net nëmmen eemoleg op der Welt, et ass virun allem eng immens Chance fir all Visiteur vun der Foire ! Mat méi wéi 200 Stänn all Joer, huet een iwwer zwee Deeg d’Meiglechkeet, eng gutt Decisioun fir seng Zukunft ze huelen !

Di 31. Foire de l’Etudiant ass dëst Joer den 9. an 10. November 2017, an ass di zwee Deeg riicht duerch op vun 09 :30 bis 18 :00 Auer. Quasi all Joër gouf et och ee Fokus, an deen ass dëst Joer “go digital”.

Fir weider Informatiounen, kuckt ierch studentefoire.lu un, oder bestellt gratis de neie Guide du CIJ op cij.lu/commande !

(Extrait SLAM!18)

Gewalt erkennen. Hëllef fannen.

Gewalt erkennen. Hëllef fannen.

Gewalt, an all senge Forme, bleift e reelle Problem, deen eenzel Persounen a Gemeinschaften betrëfft. Den Nationale Zenter fir d’Affer vu Gewalt (CNVV) ass eng wichteg Stëmm fir déi, déi betraff sinn. Wann s du selwer betraff bass oder een aneren kenns, zéck net, de...

Rock de Rack – Jugend a Gläichstellung

Rock de Rack – Jugend a Gläichstellung

De "Rock de Rack" ass e jährleche Jugendfestival zu Lëtzebuerg, dee sech der Promotioun vun der Gläichstellungtëschent de Geschlechter widmet. Organiséiert vum Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit (MEGA), engagéiert d'Evenement den Interessi vu jonke Leit...

Beachdrëf – Jugend am Mëttelpunkt

Beachdrëf – Jugend am Mëttelpunkt

De Beachdrëf war fir mech perséinlech ee ganz groussen Erfolleg! Vun Ufank u, war et net einfach jiddereen z'iwwerzeegen an derzou ze kréien matzemaachen, mee mat der Zäit sinn ech ëmmer méi op Ënnerstëtzung getraff a firun allem Feedback vu Jonken dee mech immens...

Jugendhaus / Jugendtreff Gemeng Helperknapp

Jugendhaus / Jugendtreff Gemeng Helperknapp

Nodeems ech eng länger Zäitchen observéiert hunn, wéi d'Jugend an eiser Gemeng opgestallt ass, sinn ech der Meenung datt et immens luewenswert ass, wéivill Club des Jeunes mir hun mat hiere respektiven Aktivitéiten. Desweideren ass mer och opgefall, dat eng Rei...

Pin It on Pinterest

Share This