Beachdrëf – Jugend am Mëttelpunkt

by | Aug 26, 2017 | bisi LU – dem Bisi seng Iwwerleeungen, Jugend

Beachdrëf – Jugend am Mëttelpunkt

26/08/2017

De Beachdrëf war fir mech perséinlech ee ganz groussen Erfolleg! Vun Ufank u, war et net einfach jiddereen z’iwwerzeegen an derzou ze kréien matzemaachen, mee mat der Zäit sinn ech ëmmer méi op Ënnerstëtzung getraff a firun allem Feedback vu Jonken dee mech immens gefreet hunn.

Iwwer gutt zwou Wochen konnte mir iwwer 1000 Visiteure begréissen déi quasi all ganz zefridde waren mat allem wat mir organiséiert hunn, a firun allem hu mer gesinn wéi positiv esou ee Projet fir d’Communautéit ka sinn: Sport, Gesondheet, Inklusioun, Bénévolat an nach vill méi.

Natierlech wier dëst guer net méiglech gewiescht ouni déi vill Ënnerstëtzung vun der Gemeng a vun der Jugendkommissioun, virun allem dem Frank Conrad an dem Laurence Gengler-Valmorbida, an et wier och net ënnert där Form méiglech gewiescht ouni di vill Hëllef vu Jonken a Jonk-Bliwwenen.

Esou Projeten si menger Meenung no essentiel fir ee gutt zesumme Liewen, an hëllefen eis di nächst Generatiounen ze stäerken!

An engem Gemengerot géif ech meng Roll gesinn esou Projeten weider ze droen an z’ënnerstëtzen, ouni awer op ee Format ze bestoen. Wann d’Formule Beachdref weider gewënscht ass vun der Communautéit, fueren ech natiirlech gäeren domadde weider, mee wann aner Iddien a Wënsch opkommen, sinn ech gäre Bereed mech och fir déi anzesetzen: fir di Jonk, fir jiddereen!

Gewalt erkennen. Hëllef fannen.

Gewalt erkennen. Hëllef fannen.

Gewalt, an all senge Forme, bleift e reelle Problem, deen eenzel Persounen a Gemeinschaften betrëfft. Den Nationale Zenter fir d’Affer vu Gewalt (CNVV) ass eng wichteg Stëmm fir déi, déi betraff sinn. Wann s du selwer betraff bass oder een aneren kenns, zéck net, de...

Rock de Rack – Jugend a Gläichstellung

Rock de Rack – Jugend a Gläichstellung

De "Rock de Rack" ass e jährleche Jugendfestival zu Lëtzebuerg, dee sech der Promotioun vun der Gläichstellungtëschent de Geschlechter widmet. Organiséiert vum Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit (MEGA), engagéiert d'Evenement den Interessi vu jonke Leit...

D’Zukunft vun de Jonken entdecken

D’Zukunft vun de Jonken entdecken

Lëtzebuerg huet zwar scho méi laang ee Centre universitaire, mee eng Universitéit, wou ee ganz Diplomer kann ofschléissen, eréischt säit 2003. Kee Wonner also, datt et fir vill Leit schonn ëmmer geheescht huet, datt een an d’Ausland studéiere goe muss ! Natierlech...

Jugendhaus / Jugendtreff Gemeng Helperknapp

Jugendhaus / Jugendtreff Gemeng Helperknapp

Nodeems ech eng länger Zäitchen observéiert hunn, wéi d'Jugend an eiser Gemeng opgestallt ass, sinn ech der Meenung datt et immens luewenswert ass, wéivill Club des Jeunes mir hun mat hiere respektiven Aktivitéiten. Desweideren ass mer och opgefall, dat eng Rei...

Pin It on Pinterest

Share This