De Spleen vum 21. Joerhonnert

by | Jun 7, 2025 | Cartes Blanches, Highlight

Firwat mir et besser maache mussen – fir eis selwer an déi, déi no eis kommen

Et gëtt eng Aart Middegkeet, déi ech ëmmer méi spieren – net nëmmen an mir selwer, mee iwwerall ronderëm mech. Et ass wéi eng Keelt, eng Gläichgültgekeet, déi sech an de klenge Gesten vum Alldag weist. Et erënnert un d’Gefill vum fin de siècle a Frankräich – eng Zäit vu gesellschaftlechem Ofbau. Mee hei schéngt et méi déiw ze sëtzen: e Verloscht u Wäerter.

Mir liewen an enger Zäit, wou et méi wichteg ass, séier an efficace ze sinn, als ewéi Matgefill ze weisen. Héiflechkeet a Respekt ginn ëmmer méi rar. Wéini hu mir opgehalen, respektvoll mateneen ëmzegoen?

Moies féieren ech meng Kanner an d’Schoul. Op der Strooss gesinn ech ëmmer méi oft ganz Kolonnen u Chaufferen, déi net bereet sinn, sech an der Tirette ofwiessend eranzeloosse, fir jidderee fair weiderkommen ze loossen. Se quetsche sech all eran, déi hannendrun musse bremnsen a fir déi mecht et de ganzen den Trafic méi lues– mee virun Allem weist et, datt de Respekt an d’Zesummeliewen ofhëlt.

Oder am Supermarché wou ech déi mat just e puer Saachen virloossen. Et ass ëmmer nees total onerwaart fir déi Persounen, an och meng Kanner hu mech gefrot firwat. An ech sot hinnen: « Well et richteg ass. » Net fir ee Merci. Just fir menschlech ze sinn. Si fänken un et ze verstoen a si probéieren och héiflech a mannéierlech ze sinn. A si si stolz drop, wann Erwuessener hinnen dofir felicitéieren.

Fréier hate mir Helden, net Influencers. Wéi de Goku, Superman, Optimus Prime. Si hu sech agesat fir dat Richtegt, si hunn déi Schwach beschützt,a Valeuren héich gehal och wann et net ëmmer einfach war. An haut – hu mir nach esou Virbiller?

Et ass net dat Materialt, un dat sech erënnert gëtt. Et sinn déi kleng an déi manner kleng Akten. – d’Gedold, d’Hëllef, d’Chancen déi ee schenkt. Et sinn déi Momenter, wou ee fir een do war, un déi déi Iwwerliewend sech erënneren.

An dofir, wann deng Kanner froen, firwat s de engem frieme Mënsch e (klengen) Déngscht méchs, da so hinnen: Well et wichteg ass. Well et d’Welt ronderem dech e besche besser mecht.

A vläicht ass dat am Endeffekt dat wichtegst.

Rock de Rack

Rock de Rack

De "Rock de Rack" ass e järeleche Jugendfestival zu Lëtzebuerg, dee sech der Promotioun vun der Gläichstellungtëschent de Geschlechter widmet. Organiséiert vum Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit (MEGA), engagéiert d'Evenement den Interessi vu jonke Leit...

read more
FRÉIER WAR ALLES BESSER

FRÉIER WAR ALLES BESSER

An dann déi Jugend vun haut?! – Wat huet dat mech am Lycée generft, wann een dat zu mer sot! Mä wéi kann et da sinn, datt haut vill nei Aler genau déi selwecht Säz op der Zong leien hunn? Als jonk Persoun baut ee sech Referenzen op, an ee Kader an deem ee sech...

read more
IWWER MEDIEN A VIRURTEELER

IWWER MEDIEN A VIRURTEELER

Als fläissegen Nolauschterer vun dëser Carte Blanche wësst Dir jo sécherlech entretemps, datt Informatioun Muecht ass. Dir wësst och, datt Informatioun ka gefälscht sinn. An dir wësst, datt Informatioune kënne géint Iech benotzt ginn. Mee ab wéi engem Punkt gëtt et...

read more
INFORMATIOUN ASS MUECHT

INFORMATIOUN ASS MUECHT

Dës Serie hunn ech viru 7 Méint ugefaang mat engem vun den Themen, déi mir am stäerksten um Häerz leien, déi Jonk an hir Recht op Informatioun. An deem Sënn hunn ech probéiert, d’Iwwerleeung z’encouragéieren, datt jonk Leit, déi gutt Informatiounen hunn, vill besser...

read more
D’KULTUR VUM RECHT

D’KULTUR VUM RECHT

Eigentlech muss ech soen dat ech wierklech frou sinn dës Carte Blanchen dierfen ze maachen. Well dës gi mer ëmmer nees d’Méiglechkeet, e bësschen Distanz zum Alldag ze huelen, a mech mat Saachen auserneenzesetzen déi mech beschäftegen. Leider awer sinn et meeschtens...

read more

Pin It on Pinterest

Share This