Jugendhaus / Jugendtreff Gemeng Helperknapp

Aug 26, 2017 | Featured, Gemengewahlen, Jeunesse, Participation

Nodeems ech eng länger Zäitchen observéiert hunn, wéi d’Jugend an eiser Gemeng opgestallt ass, sinn ech der Meenung datt et immens luewenswert ass, wéivill Club des Jeunes mir hun mat hiere respektiven Aktivitéiten. Desweideren ass mer och opgefall, dat eng Rei sportlech Veräiner eng exzellent Jugendaarbecht leeschten.

Allerdings ass mer dat typescht Jugendhaus als ee grousse Manktum an eiser Gemeng opgefall, eng Plaz wou Jonker dierfen higoën fir hier Fräizäit aneschters ze gestalten, no hiere Wënsch, an an engem suivéierte Kader.

Déi iwwer 50 bestoend Jugendhaiser zu Lëtzebuerg bidden eng Ulaafstell fir Jonker an hier Problemer déi se vläit weder doheem, nach an der Schoul kennen uschwätzen, an encouragéieren d’Cohesioun tëscht den eenzele Gruppe Jonker aus der Gemeng. Desweideren huet ee Jugendhaus d’Méiglechkeet weider Servicer unzebidden am Sënn vum Jonken, wei zBsp Hausaufgabenhellef, an do ass et wichteg, zesumme mat de Concernéierten, ee gutt Concept d’Action Général opzesetzen, wat och nees eng besser Zesummenaarbecht mat dem Ministère, deen d’Jeunesse ënnert sech huet, erméiglecht.

Di éischt Schwieregkeet fir eis Gemeng ass menger Meenung no d’Opsetze vun der Asbl an de Choix vun der gudder Partnerstruktur an dem Personal. Di nächst Schwieregkeet ass secherlech den Emplacement vum Haus erauszesichen, fir sécher ze stellen dat all Jonken een einfachen an ongezwongenen Accès huet.

Eng méiglech kuerzfristeg Léisung wier ee mobilt Jugendhaus, wat verschidden Deeg an der Woch a verschiddenen Dierfer op wier (pro Duerf zBsp ee Gebai/Sall). Dëst en attendant dat Gebaier fräi ginn duerch d’Fusioun an duerch de Bau vun der neier Schoul, wou dann zesummen mam edukativem Personal an de Jonke selwer eng permanent Struktur ausgewielt an opgebaut ka ginn.

Wéi bei all Projet deen ech uginn, wier et mir natierlech och wichteg mat allen aneren Acteuren déi sech fir eis Jonk asetzen Gespréicher ze féieren, an hiere Feedback mat an de Projet anzebezéien. Do denken ech ënner anerem un d’Léierpersonal, d’Maison Relais, déi respektiv Clibb an d’Elterevereenegung.

Ënnerhalb vun engem Gemengerot wier et dofir fir mech eng Prioritéit schnell a konsequent déi zwou grouss Froen ze klären, an dann zesummen mat de Jonken ee Projet opzestellen deen laangfristeg ee grousse Plus fir sie duerstellt. Da sin ech och net nëmmen zouversichtlech d’Kompetenzen fir esou ee Projet opzebauen ze hunn, mee och fir – zesummen mat aanere engagéierte Persounen – schnell a virun allem gutt, esou ee Projet opzebauen an ëmzesetzen!

Foire de l’Etudiant 2017

Foire de l’Etudiant 2017

Lëtzebuerg huet zwar scho méi laang ee Centre universitaire, mee eng Universitéit, wou ee ganz Diplomer kann ofschléissen, eréischt säit 2003. Kee Wonner also, datt et fir vill Leit schonn ëmmer geheescht huet, datt een an d’Ausland studéiere goe muss ! Natierlech...

Beachdrëf 2017

Beachdrëf 2017

De Beachdrëf war fir mech perséinlech ee ganz groussen Erfolleg! Vun Ufank u, war et net einfach jiddereen z'iwwerzeegen an derzou ze kréien matzemaachen, mee mat der Zäit sinn ech ëmmer méi op Ënnerstëtzung getraff a firun allem Feedback vu Jonken dee mech immens...

Auto-evaluation

Auto-evaluation

Auto-evaluation is work. More work. No matter what anyone will say. Someone has to prepare it, and then execute it. And unless this evaluation is done for the sake of it, it entails more work. If the evaluation states that all is as good as can be, this knowledge...