Category: Jeunesse

Foire de l’Etudiant 2017

Lëtzebuerg huet zwar scho méi laang ee Centre universitaire, mee eng Universitéit, wou ee ganz Diplomer kann ofschléissen, eréischt säit 2003. Kee Wonner also, datt et fir vill Leit schonn ëmmer geheescht huet, datt een an d’Ausland studéiere goe muss ! Natierlech awer ass et och eng Erfarung fir d’Liewen, e puer Joer am Ausland ze liewen, eng aner Kultur z’entdecken, eng Friemsprooch ze perfektionéieren ! De CEDIES huet virun iwwer 30 Joer di éischt Kéier eng Foire proposéiert, wou ee konnt Offere vun Héichschoulen an Universitéiten entdecken, ouni musse selwer an d’Ausland ze fueren. Esou eng europäesch/international Foire...

Read More

Beachdrëf 2017

De Beachdrëf war fir mech perséinlech ee ganz groussen Erfolleg! Vun Ufank u, war et net einfach jiddereen z’iwwerzeegen an derzou ze kréien matzemaachen, mee mat der Zäit sinn ech ëmmer méi op Ënnerstëtzung getraff a firun allem Feedback vu Jonken dee mech immens gefreet hunn. Iwwer gutt zwou Wochen konnte mir iwwer 1000 Visiteure begréissen déi quasi all ganz zefridde waren mat allem wat mir organiséiert hunn, a firun allem hu mer gesinn wéi positiv esou ee Projet fir d’Communautéit ka sinn: Sport, Gesondheet, Inklusioun, Bénévolat an nach vill méi. Natierlech wier dëst guer net méiglech gewiescht ouni...

Read More

Jugendhaus / Jugendtreff Gemeng Helperknapp

Nodeems ech eng länger Zäitchen observéiert hunn, wéi d’Jugend an eiser Gemeng opgestallt ass, sinn ech der Meenung datt et immens luewenswert ass, wéivill Club des Jeunes mir hun mat hiere respektiven Aktivitéiten. Desweideren ass mer och opgefall, dat eng Rei sportlech Veräiner eng exzellent Jugendaarbecht leeschten. Allerdings ass mer dat typescht Jugendhaus als ee grousse Manktum an eiser Gemeng opgefall, eng Plaz wou Jonker dierfen higoën fir hier Fräizäit aneschters ze gestalten, no hiere Wënsch, an an engem suivéierte Kader. Déi iwwer 50 bestoend Jugendhaiser zu Lëtzebuerg bidden eng Ulaafstell fir Jonker an hier Problemer déi se vläit...

Read More

WËSSEN A GLEEWEN ASS ZWEEËRLEE

Op de Risiko hi mech schonn nees ze widderhuelen: Informatioun ass Muecht! An dat sollt ëmsou méi jidderengem bewosst gi sinn di lescht Wochen a Méint duerch alles wat d’Mënschheet huet mussen erliewen a gesinn. Duerch meng Aarbecht, hunn ech d’Chance bei vill flotte Projete matzemaachen, déi zu 100% dofir geduecht sinn, jonke Leit ze hëllefen. Dat ass ee super Gefill, an ech sinn all Dag dankbar dat dierfe meng Aarbecht ze nennen. A wann ech anere Leit dovun erzielen, gi mer d’Schudderen aus vu Freed an Opreegung, well ech net nëmmen dervun iwwerzeegt sinn, datt mir di “Gutt”...

Read More

DES CARTE BLANCHE HUET NÄISCHT MAM REFERENDUM ZE DINN!

Et geet wéi ëmmer em di Jonk, em Informatioun an am Allgemengen em Manipulatioun. E beschen sou wéi bei engem Referendum. Oops… lo geet et awer schonn nees em dee Referendum. Mee wéi ass dat nëmmen dat nach ëmmer, egal wou Diskussioun grad ass, et ganz heefeg sech tôt ou tard em deem Referendum dréint, dat sech sou ee groussen Deel vun der Bevëlkerung nach ëmmer dermadder ausernee setzt, nach bal méi als ewéi mam Thema vun de läschte Wahlen? Fir mech ass et ganz kloer, dat vun Ufank un eng Spaltung vun eiser Gesellschaft um Spill stoung. A...

Read More
  • 1
  • 2

Recent Tweets

ADSENSE