Category: Cartes Blanches

WËSSEN A GLEEWEN ASS ZWEEËRLEE

Op de Risiko hi mech schonn nees ze widderhuelen: Informatioun ass Muecht! An dat sollt ëmsou méi jidderengem bewosst gi sinn di lescht Wochen a Méint duerch alles wat d’Mënschheet huet mussen erliewen a gesinn. Duerch meng Aarbecht, hunn ech d’Chance bei vill flotte Projete matzemaachen, déi zu 100% dofir geduecht sinn, jonke Leit ze hëllefen. Dat ass ee super Gefill, an ech sinn all Dag dankbar dat dierfe meng Aarbecht ze nennen. A wann ech anere Leit dovun erzielen, gi mer d’Schudderen aus vu Freed an Opreegung, well ech net nëmmen dervun iwwerzeegt sinn, datt mir di “Gutt”...

Read More

DES CARTE BLANCHE HUET NÄISCHT MAM REFERENDUM ZE DINN!

Et geet wéi ëmmer em di Jonk, em Informatioun an am Allgemengen em Manipulatioun. E beschen sou wéi bei engem Referendum. Oops… lo geet et awer schonn nees em dee Referendum. Mee wéi ass dat nëmmen dat nach ëmmer, egal wou Diskussioun grad ass, et ganz heefeg sech tôt ou tard em deem Referendum dréint, dat sech sou ee groussen Deel vun der Bevëlkerung nach ëmmer dermadder ausernee setzt, nach bal méi als ewéi mam Thema vun de läschte Wahlen? Fir mech ass et ganz kloer, dat vun Ufank un eng Spaltung vun eiser Gesellschaft um Spill stoung. A...

Read More

DEN INTERNET AN D’ANGSCHT

Et kënnt mer fir, wéi wann ech als Kand spéid Owes bei Lagerfeier ganz oft sou Schauermärecher erzielt kritt hätt, vun Zäiten, wou nach keng 97% vun de Leit am Land Internet haten, wou nach net all Zëmmer seng eegen Televisioun hat, wou am Platz vun engem intelligenten Telefon an all Täsch, all Stot nëmmen een Telefon hat, dee nëmme gaang ass, wann en am Stecker dra war. Et kënnt mer och fir, wei wann haut ëmmer méi Leit immens vill Angscht hätten, well se fest dru gleewen dat fréier alles besser war. Mee wéi hänkt dat do zesummen?...

Read More

FRÉIER WAR ALLES BESSER

An dann déi Jugend vun haut?! – Wat huet dat mech am Lycée generft, wann een dat zu mer sot! Mä wéi kann et da sinn, datt haut vill nei Aler genau déi selwecht Säz op der Zong leien hunn? Als jonk Persoun baut ee sech Referenzen op, an ee Kader an deem ee sech entwéckelt a léiert gutt a schlecht Elementer vuneneen z’ënnerscheeden. Hoffentlech kann ee sech da fir dat Richtegt entscheeden. Fir genee dee Kader, do investéiert een net nëmme Joren dra fir sech en opzebauen, mä et léisst ee jorelaang zou, datt dëst deen eenzege Kader ass, deen ee...

Read More

IWWER MEDIEN A VIRURTEELER

Als fläissegen Nolauschterer vun dëser Carte Blanche wësst Dir jo sécherlech entretemps, datt Informatioun Muecht ass. Dir wësst och, datt Informatioun ka gefälscht sinn. An dir wësst, datt Informatioune kënne géint Iech benotzt ginn. Mee ab wéi engem Punkt gëtt et geféierlech? Wéi der vläit nach wësst, hunn ech eng relativ staark Meenung géint Diskriminatioun am breedste Sënn vum Wuert. A vläit ass et och duerch déi scho quasi Allergie, datt ech do ëmmer reagéieren. Mee wéi ass dat bei Iech? Dir kënnt Iech et virstellen, hei gëtt et net nëmme schwaarz a wäiss Schof. Et gëtt net nëmme...

Read More
  • 1
  • 2

Recent Tweets

ADSENSE