Foire de l’Etudiant 2017

Nov 8, 2017 | bisi LU – bisi's personal views, Featured, Jeunesse

Lëtzebuerg huet zwar scho méi laang ee Centre universitaire, mee eng Universitéit, wou ee ganz Diplomer kann ofschléissen, eréischt säit 2003. Kee Wonner also, datt et fir vill Leit schonn ëmmer geheescht huet, datt een an d’Ausland studéiere goe muss !

Natierlech awer ass et och eng Erfarung fir d’Liewen, e puer Joer am Ausland ze liewen, eng aner Kultur z’entdecken, eng Friemsprooch ze perfektionéieren !

De CEDIES huet virun iwwer 30 Joer di éischt Kéier eng Foire proposéiert, wou ee konnt Offere vun Héichschoulen an Universitéiten entdecken, ouni musse selwer an d’Ausland ze fueren.

Esou eng europäesch/international Foire ass net nëmmen eemoleg op der Welt, et ass virun allem eng immens Chance fir all Visiteur vun der Foire ! Mat méi wéi 200 Stänn all Joer, huet een iwwer zwee Deeg d’Meiglechkeet, eng gutt Decisioun fir seng Zukunft ze huelen !

Di 31. Foire de l’Etudiant ass dëst Joer den 9. an 10. November 2017, an ass di zwee Deeg riicht duerch op vun 09 :30 bis 18 :00 Auer. Quasi all Joër gouf et och ee Fokus, an deen ass dëst Joer “go digital”.

Fir weider Informatiounen, kuckt ierch studentefoire.lu un, oder bestellt gratis de neie Guide du CIJ op cij.lu/commande !

(Extrait SLAM!18)

Beachdrëf 2017

Beachdrëf 2017

De Beachdrëf war fir mech perséinlech ee ganz groussen Erfolleg! Vun Ufank u, war et net einfach jiddereen z'iwwerzeegen an derzou ze kréien matzemaachen, mee mat der Zäit sinn ech ëmmer méi op Ënnerstëtzung getraff a firun allem Feedback vu Jonken dee mech immens...

Jugendhaus / Jugendtreff Gemeng Helperknapp

Jugendhaus / Jugendtreff Gemeng Helperknapp

Nodeems ech eng länger Zäitchen observéiert hunn, wéi d'Jugend an eiser Gemeng opgestallt ass, sinn ech der Meenung datt et immens luewenswert ass, wéivill Club des Jeunes mir hun mat hiere respektiven Aktivitéiten. Desweideren ass mer och opgefall, dat eng Rei...

Auto-evaluation

Auto-evaluation

Auto-evaluation is work. More work. No matter what anyone will say. Someone has to prepare it, and then execute it. And unless this evaluation is done for the sake of it, it entails more work. If the evaluation states that all is as good as can be, this knowledge...