FRÉIER WAR ALLES BESSER

Feb 27, 2015 | bisi LU – bisi's personal views, Cartes Blanches, Jeunesse

An dann déi Jugend vun haut?! – Wat huet dat mech am Lycée generft, wann een dat zu mer sot! Mä wéi kann et da sinn, datt haut vill nei Aler genau déi selwecht Säz op der Zong leien hunn?

Als jonk Persoun baut ee sech Referenzen op, an ee Kader an deem ee sech entwéckelt a léiert gutt a schlecht Elementer vuneneen z’ënnerscheeden. Hoffentlech kann ee sech da fir dat Richtegt entscheeden.

Fir genee dee Kader, do investéiert een net nëmme Joren dra fir sech en opzebauen, mä et léisst ee jorelaang zou, datt dëst deen eenzege Kader ass, deen ee richteg fënnt. Natierlech ass et dann nëmme ganz schwéier nozevollzéien, datt et vläit nach een anere Wee gëtt.

Et ass awer och eng Saach vun Educatioun duerch säin Ëmfeld, an do spillt et nëmmen eng minimal Roll, ob et formell oder non-formell Educatioun ass. Et ass nämlech duerch wat ech eng zolitt Educatioun nenne géif, an der Schoul AN Doheem, datt een sech nieft sengem ganz eegene Kader, kann d’Flexibilitéit ginn, och aner Kaderen z’akzeptéieren, a wee weess, vläit souguer als Erwuessene sech nach unzepassen.

Am Kader vu menger Aarbecht probéieren ech ëmmer ee Mix unzebidden, d’Entwécklung vun engem positive Kader, mat vill Ënnerstëtzung a mat enger gesonder Portioun Selbstzweiwel.

Duerch meng ganz eege Liewenserfarung an Educatioun, sinn ech nämlech zur Conclusioun komm, datt souwuel Responsabiliséieren als ewéi Begleeden essentiell si fir jonke Leit eng gutt Basis ze bidden. Dofir ass et zum Beispill bei eis eng Konditioun, datt mir deem Jonken net d’Aarbecht ofhuelen, mä datt mir him bäibréngen et selwer ze maachen. An do sinn ech och heiansdo bekannt als een dee schonn e bëssche méi streng ka sinn. Heescht déi Strengheet, déi Rigiditéit, datt ech selwer net dat verstan hunn, wat ech grad virdru sot?

Wat ech ëmsou méi Schued fannen ass, datt verschidde Jonker ouni den néidege Support an d’Welt geschéckt ginn, a kucke kënnen eens ze ginn.

Responsabiliséiere geet natierlech Hand an Hand mat Responsabilitéit, mat Limitten a mat Konsequenz. An ech sinn da streng an applizéiere Konsequenzen all Kéiers, well ech et och sou fir mech selwer maachen. Mä et ass wéi gesot genee sou essentiell, dee Jonken net am Stach ze loossen, mä en opzebauen an ze begleeden a senger Entwécklung fir datt ee flexibel duerch d’Liewe ka goen.

Wéini ass d’Responsabilitéit ze vill fir dee Jonken? Wat ass un deene Burnouts drun, wou souvill Jonker haut scho ganz fréi dru leiden? Dëst ass menger Meenung no eng direkt Konsequenz dervu wann Responsabilitéit an Ënnerstëtzung net am Gläichgewiicht sinn.

Mä wat erlaben ech mir hei iwwerhaapt, ze soen, wéi ee Jonker soll erzéien?! All Fall ass sécherlech eenzegaarteg, an et gëtt keng perfekt Aart a Weis fir aus jonke Leit “gutt” al Leit ze maachen. Mä ouni de Wëllen Zäit, Gedold an och Materielles z’investéieren, ass et sécherlech net einfach fir dee Jonke säi Wee a Kader eleng ze fannen!

Foire de l’Etudiant 2017

Foire de l’Etudiant 2017

Lëtzebuerg huet zwar scho méi laang ee Centre universitaire, mee eng Universitéit, wou ee ganz Diplomer kann ofschléissen, eréischt säit 2003. Kee Wonner also, datt et fir vill Leit schonn ëmmer geheescht huet, datt een an d’Ausland studéiere goe muss ! Natierlech...

Beachdrëf 2017

Beachdrëf 2017

De Beachdrëf war fir mech perséinlech ee ganz groussen Erfolleg! Vun Ufank u, war et net einfach jiddereen z'iwwerzeegen an derzou ze kréien matzemaachen, mee mat der Zäit sinn ech ëmmer méi op Ënnerstëtzung getraff a firun allem Feedback vu Jonken dee mech immens...

Jugendhaus / Jugendtreff Gemeng Helperknapp

Jugendhaus / Jugendtreff Gemeng Helperknapp

Nodeems ech eng länger Zäitchen observéiert hunn, wéi d'Jugend an eiser Gemeng opgestallt ass, sinn ech der Meenung datt et immens luewenswert ass, wéivill Club des Jeunes mir hun mat hiere respektiven Aktivitéiten. Desweideren ass mer och opgefall, dat eng Rei...

Auto-evaluation

Auto-evaluation

Auto-evaluation is work. More work. No matter what anyone will say. Someone has to prepare it, and then execute it. And unless this evaluation is done for the sake of it, it entails more work. If the evaluation states that all is as good as can be, this knowledge...