Dës Serie hunn ech viru 7 Méint ugefaang mat engem vun den Themen, déi mir am stäerksten um Häerz leien, déi Jonk an hir Recht op Informatioun.

An deem Sënn hunn ech probéiert, d’Iwwerleeung z’encouragéieren, datt jonk Leit, déi gutt Informatiounen hunn, vill besser Chancen hunn, gutt Decisiounen am Liewen ze treffen, an datt genau déi Jonk derzou bäidroe kënnen, datt et eis an eiser Gesellschaft am grousse Ganze besser geet.

Mä et soll een net vergiessen, datt wann ee seet, datt Informatioun Muecht ass, datt et souwuel positiv an negativ ka sinn! Well gutt Informatioune sinn à la base ëmmer nëmme gutt Informatioun fir deen, wou se huet, an deemno wéi si vill anerer dervun ofhängeg, wat deen domatter mécht!

Viru Jore schonn, nodeems mer um Büro eng Recherche mat Jonke gemeet haten, hate mer rausfonnt, datt et engem groussen Deel vu Jonke relativ egal ass, wat fir Informatioune vun hinnen um Internet fonnt ginn. Fir mech a vill aner, méi al Leit, war dat natierlech ee Schock. Mä lues a lues hunn ech ugefaang, deene Jonken hir Plaz besser ze verstoen. Dee Wiessel vu Mentalitéit hunn ech interessant fonnt, well et drëms gaang ass, datt et egal wier, wat fir schlëmm Fotoen op Facebook wieren, well all déi aner vun där Generatioun jo genau sou kompromettant Fotoen op Facebook hätten. Dat wier jo dann een neie Status Quo? An domadder wier jo dann d’Argument desarméiert? Oder net?

Wéi ass et zum Beispill bei Iech? Wann een Iech freet, wéi vill Der verdéngt oder fir ween Der wielt, sot Der där Persoun et? Oder sot der et just, wann der di Persoun gutt ze kenne mengt? Oder sot der et guer net? Ech sinn doheem erzu ginn, datt sou Saache kee sollen eppes ugoen. Mä ass dat wierklech souvill besser?

Hutt Der schonn eng Kéier probéiert, eppes op Raten ze kafen? Dir wësst, déi Geschicht, wou een ee klenge Montant all Mount mat 0% kann ofbezuelen? Wësst Dir, wéi vill Informatiounen een do muss präisginn, fir een am Verglach extrem klenge Montant geléint ze kréien?

Datselwecht kann ech mer a sou villen anere Kontexter virstellen. An do denken ech u verschidden Datebanken, wou Informatioune gesammelt ginn. Firwat ginn déi Informatioune gesammelt? Ma well se Muecht ginn!

A genau dofir, wann ech zum Beispill gefrot ginn, wat ech da vu Beruff wier, da froen ech automatesch als éischt mol zréck: firwat? A wann ech dann net derlaanscht kommen, da soen ech eben: Employé. Dat sollt duergoen. A wann een zum Beispill insistéiert fir meng Nummer an ech kréie gesot “et ass just fir de System”, da géif ech am léifsten einfach eng falsch Nummer uginn!

Eng gesond Reegel ass et a mengen Aen, fir nëmmen déi Informatioune weiderzeginn, wou et OK wier, wann d’ganz Welt se wësse géif. An egal wéi soll ee sech bewosst sinn, wéi eng Muecht déi Informatiounen engem kënne ginn – sief et sech selwer oder engem aneren. A genau dofir ass et wichteg, jonke Leit et mam gudde Beispill virzemaachen, andeems ee gutt Informatioune benotzt, fir besser Decisiounen ze huelen, an hinne gläichzäiteg bäibréngt, aner Informatioune fir sech ze halen.

Foire de l’Etudiant 2017

Foire de l’Etudiant 2017

Lëtzebuerg huet zwar scho méi laang ee Centre universitaire, mee eng Universitéit, wou ee ganz Diplomer kann ofschléissen, eréischt säit 2003. Kee Wonner also, datt et fir vill Leit schonn ëmmer geheescht huet, datt een an d’Ausland studéiere goe muss ! Natierlech...

Beachdrëf 2017

Beachdrëf 2017

De Beachdrëf war fir mech perséinlech ee ganz groussen Erfolleg! Vun Ufank u, war et net einfach jiddereen z'iwwerzeegen an derzou ze kréien matzemaachen, mee mat der Zäit sinn ech ëmmer méi op Ënnerstëtzung getraff a firun allem Feedback vu Jonken dee mech immens...

Jugendhaus / Jugendtreff Gemeng Helperknapp

Jugendhaus / Jugendtreff Gemeng Helperknapp

Nodeems ech eng länger Zäitchen observéiert hunn, wéi d'Jugend an eiser Gemeng opgestallt ass, sinn ech der Meenung datt et immens luewenswert ass, wéivill Club des Jeunes mir hun mat hiere respektiven Aktivitéiten. Desweideren ass mer och opgefall, dat eng Rei...

Auto-evaluation

Auto-evaluation

Auto-evaluation is work. More work. No matter what anyone will say. Someone has to prepare it, and then execute it. And unless this evaluation is done for the sake of it, it entails more work. If the evaluation states that all is as good as can be, this knowledge...