RASSISMUS AM ALLDAG A XENOPHOBIE – ENG GEFOR FIR DÉI JONK

Jan 31, 2014 | bisi LU – bisi's personal views, Cartes Blanches, Égalité des chances, Xenophobie/Racisme

Lëtzebuergesch, wat hunn ech di Sprooch sou gär. Vu klengem un a bis haut, ass a bleift et déi Sprooch op déi ech am léifsten an am einfachsten zeréckfalen fir mech auszedrécken. A wa Leit mer soen dat Lëtzebuergesch jo eigentlech net wierklech eng Sprooch wier, mee éischter Däitsch, oder een däitschen Dialekt, da muss ech zouginn dat ech Tendenz hätt fir bemol ee grousse Sproochen-Expert ze ginn, an de Stolz vu mengem Gebuertsdialekt ze verteidegen.

An genau des Tendenz ass komescherweis des Wochen, wou ech un dëser Carte Blanche geschafft hunn, bemol zu engem nationalen Thema ginn. Frustrant natierlech wann ech säit 2 Wochen un eppes schaffe wat lo haut scho bal nees eng aal Kamell ass, mee ëmsou méi motivant, wann ech gesinn wéi vill Leit sech lo scho geäussert hunn! Well wann ech kucken wat op verschidden ëffentleche Platze vu sech gi gëtt, fannen ech dat ee sech plazeweis scho bal schumme muss fir iwwerhaapt nach mat Lëtzebuerg associéiert ze sinn.

Auslännerfeindlechkeet ass sécherlech näischt neies! Dëst gouf et och um Internet scho virun 15 Joer. Mee deemools, op d’mannst, hu Leit sech nëmmen getraut eng tendenziéis Meenung ze ginn wann een sech konnt hannert engem Spëtznumm verstoppen. Haut ass et normal dat ee ganz schlëmm Saache seet, mat sengem ganzen Numm, senger Photo, senger Aarbecht a Schoul an deemno wéi, nach méi. A firwat? Ma well et jo anscheinend kee Rassismus ass, wann ee seet d’Fransouse wiere liddereg a géifen een ëmmer beim Bäcker umaulen.

Mee wouhi féiert eis dat, a firwat zielen ech iech dat ausgerechent? Ech sinn dach hei fir di Jonk.

Ma virun e puer Joer schonn, ass et mir am Kader vu menger Aarbecht opgefall, dat ëmmer méi Jonker nees ugefaangen hu manner “politesch korrekt” sech auszedrécken, an dëst Sans Gêne vis-à-vis vun hire Frënn awer och Erwuessenen. A wann ech dann wéi zum Beispill och des Woch nach, mech mat Jonken iwwert dat Thema ënnerhalen, fält mer virun allem eppes op. D’Wëssen iwwert d’Resultat vu Rassismus a Xenophobie an der Vergaangenheet, an di potenziell Risiken vun deem Denken hautdesdaags fehle ganz oft.
E puer Jonker zum Beispill waren des Woch ganz interesséiert ze verstoen et wat et eigentlech do géif goen, a firwat dat dann sou schlëmm fir mech wier. Wéi ech hinnen et erklärt hunn, hat ech wierklech d’Impressioun wéi wann si eppes ganz neies géifen entdecken. A wéi bis ee mech am Kontext vun engem berüchtegte franséische Komiker gefrot huet: “wat ass dat eigentlech, een Antisemit?”, du wosst ech dat nach vill Aarbecht zur Informatioun ze maache wier.
A mengem Frëndeskrees, do sinn tatsächlech och e puer super léif jonk Leit, déi leider bal all Kéiers wann et ëm Auslänner geet, extrem rassistesch Aussoen vu sech ginn, wat dann och guer net zu deem Bild passt waat ech vun hinnen hunn. A ganz kloer kennt do och ëmmer den “Ech si jo kee Rassist, mee”. An d’Erklärung zu hirer Astellung koum vun anere gemeinsame Frënn: wann s de deem säi Papp géifs kennen, da géifs de verstoen firwat hien sou ass. Ah ben, gutt geschafft.

Mee wat heescht dat fir Iech, léif Nolauschterer?
Jonk Leit kenne liicht beaflosst ginn. Positiv A Negativ. Wat fir Iech vläit vollkommen OK ass, fir Frust ofzeloossen iwwert de Frontalier dee frech war, ka fir är Kanner eng Fräikaart sinn sech dat z’appropriéieren.
Loosst mech lo just nach eng Kéier kuerz den Däiwel un d’Mauer molen, léif Nolauschterer.

Loosse mer unhuelen, dat di nei xenophob Minoritéit bemol zu enger Majoritéit géif ginn. Loosse mer unhuelen, an eisen Nopeschlänner géif et sech och weider an déi Richtung entwéckelen. Ëm wat geet et dann eigentlech bei der Saach? Am grousse Ganzen, ëm d’Jalousie. A wat ass wa bis d’Welt jalous gëtt op dee béise Letzeboier dee jo souvill Suen huet, Sue wäscht, an iwwerhaapt. Dann dierfen di nei Xenophob nach sou oft soe wéi se wëllen, dat si anescht sinn, dat si guer net souvill Suen hunn an och nach ni Sue gewäsch hunn, mee da sinn si genau sou gehaangen. Well sou ass et mam Rassismus. Et ass ganz egal ween een ass, wat een huet, wat een denkt. Et geet eleng nëmmen ëm seng Rass.

Ee Liichtbléck hat ech iwwregens op Facebook. Ee gewëssenen Egbert Sousé dee sot do nämlech: “Ech kann, sou gescheit sinn ech. Awer ech well net, sou domm sin ech.” Sidd ee gutt Beispill fir di Jonk, mir hunn all drun ze wannen!

Rock de Rack

Rock de Rack

The "Rock de Rack" is an annual youth festival in Luxembourg dedicated to promoting gender equality. Organized by the Ministry of Equality between Women and Men (MEGA), the event engages young people through workshops, discussions, and cultural activities centered on...

Foire de l’Etudiant 2017

Foire de l’Etudiant 2017

Lëtzebuerg huet zwar scho méi laang ee Centre universitaire, mee eng Universitéit, wou ee ganz Diplomer kann ofschléissen, eréischt säit 2003. Kee Wonner also, datt et fir vill Leit schonn ëmmer geheescht huet, datt een an d’Ausland studéiere goe muss ! Natierlech...

Beachdrëf 2017

Beachdrëf 2017

De Beachdrëf war fir mech perséinlech ee ganz groussen Erfolleg! Vun Ufank u, war et net einfach jiddereen z'iwwerzeegen an derzou ze kréien matzemaachen, mee mat der Zäit sinn ech ëmmer méi op Ënnerstëtzung getraff a firun allem Feedback vu Jonken dee mech immens...

Jugendhaus / Jugendtreff Gemeng Helperknapp

Jugendhaus / Jugendtreff Gemeng Helperknapp

Nodeems ech eng länger Zäitchen observéiert hunn, wéi d'Jugend an eiser Gemeng opgestallt ass, sinn ech der Meenung datt et immens luewenswert ass, wéivill Club des Jeunes mir hun mat hiere respektiven Aktivitéiten. Desweideren ass mer och opgefall, dat eng Rei...

Auto-evaluation

Auto-evaluation

Auto-evaluation is work. More work. No matter what anyone will say. Someone has to prepare it, and then execute it. And unless this evaluation is done for the sake of it, it entails more work. If the evaluation states that all is as good as can be, this knowledge...